17.06.2023
Wake Up! Festival 2023
No enger éischter Editioun vum Wake Up! Festival, 2022, ass et eis eng grouss
Freed fir Iech de 17. Juni 2023 erëm op Miedernach ze invitéieren.
Dee groussen Erfolleg vun 2022 huet eis bewisen, dass eis Iddi hannert dem
Festival gutt ukomm ass an esou ass et eis och fir 2023 erëm ee grousst
Uleies fir als Duerfveräin den Awunner aus der Gemeng wéi och aus der
Ëmgéigend oder souguer aus dem noe Grenzgebitt ee kulturellen Highlight
ze offréieren. Mir wëllen dozou bäidroen, datt d’Duerfliewen zu Miedernach
weiderhi besteet an dass d’Leit sech ënnerenee kenneléieren, sech net
auserneen ze liewen, mee als Gesellschaft zesummeliewen.
Aus dësem Grond ass et eis och immens wichteg, dass den Entrée vum Wake
Up! Festival fräi ass.
Op d’museksbegeeschtert Visiteure waarden no engem groussen Erfolleg
2022, dëst Joer Museksveräiner aus der noer a méi wäiter Ëmgéigend, esou
wéi Concerte vun ausseruerdentleche Bands. Esou erwaarden Iech dëst Joer
ab 14.00 Auer d‘Jugendensemblë vun der Miedernacher a Schierener Musek,
déi Waldbëlleger– Schierener a Päreler Musek. Owes geet et da mat excellente
Bands wieder. Sou sinn dat ab 19.00 Auer „The Cookies“ (L), “Cynthia
Nickschas & Friends”(D) a “Wille and the Bandits” (GB). Als Offschloss vum
Owend luet d’DJane Haasi mat musikalesche Cruen aus de 60er Joren bis haut
zum Danzen an.
De Wake Up! Festival fënnt op der pittoresker Platz, nieft der Miedernacher
Kierch statt. Zentral geleeën ass de Festival esou vum ganzen Duerf aus ze
Fouss ze erreechen. Parkingsméiglechkeete ginn et bei der neier Sportshal vu
wou aus eng Navette wäert zirkuléieren. Fir Iessen an Drénken ass gesuergt.
Schreift Iech also de 17. Juni an de Kalenner, kommt op Miedernach a verbréngt mat Eis zesummen ee flotten Dag mat excellenter Musek!